Wien si mir ?

D’Crèche

D’Crèche

Ons Crèche befënnt sech am Neiduerf, no beim Kierchbierg an dem Flughafen « Findel ». Den Zougang zu der Crèche befënnt sech an engem Haff, wäit ewech vum Verkéier. Mir hunn e grousse Gaart an en direkten Zougang zum Bësch.
D’Säll vun de Gruppen befannen sech all op engem Stack. Déi eng Säit ass de Grupp vun de « Pinguinen » (2 Méint bis 2 Joer), deen aus engem grousse Spillsall, 2 Schlofkummeren an engem Wéckelsall besteet. Déi aner Säit ass de Grupp vun de « Fuussen » (2 Joer bis 4 Joer), deen aus enger Schlofkummer, engem Spillsall an engem Liewensraum besteet.

KONTAKTEIERT ONS

De Bësch

De Bësch

Fir am Alldag mat de Kanner ze schaffen, sinn ons dës Prinzippien wichteg :

• En Ëmfeld schafen wat de Kanner d’Léieren duerch spilleresch Methoden erméiglecht,
• D’Kand motivéieren Saachen selwer ze maachen ouni Hëllef vun engem Aneren,
• D’Wichtegkeet vum Respekt vum Rhythmus vum Kand,
• D’Wichtegkeet vun der Praxis an dem Upaken,
• Fuerderung vun der Selbststännegkeet duerch d’Experimentéieren,
• Sozial Bezéiungen ënnerstëtzen,
• Der Natur am Kand sengen Entdeckungen eng essentiell Plaz ginn,
• De Raum esou gestalten, dass et eng Quell vum Léieren an vum Entdecken gëtt.

KONTAKTEIERT ONS

Ons Pädagogik

Ons Pädagogik

Mir ginn minimum 2-3 mol an der Woch an de Bësch mat onse Gruppen, fir ënner anerem dëse Punkten entgéint ze kommen :

• Fuerderung vun der Motorik (op natierlecher Aart an Weis),
• Ganzheetlecht Léieren, léieren mat Hëllef vu senge Sënner, sengem Kierper,
• Experimentéieren nom Rhythmus vun der Natur,
• Fuerderung vun de Sënner duerch primär Erfarungen,
• Planzen an Déieren aus dem Bësch kënne léieren
• d’Méiglechkeet kréien seng eege Grenzen kennen ze léieren,
• Rou erliewen,
• Fir d’Natur sensibiliséiert ginn,
• Empathie fir d’Natur entwéckelen,
• Empathie fir de Bësch an d’Liewen am Allgemengen fuerderen.

KONTAKTEIERT ONS

Ons Aktivitéiten

Ons Aktivitéiten

All Aktivitéiten déi mir mat onse Gruppen ënnerhuelen, ginn ënnert engem bestëmmten Thema organiséiert. Niewent onsen Ausflich an Aktivitéiten am Bësch, ënnerhuele mir och nach dës aner Aktivitéiten :

• bastelen,
• molen,
• baken,
• kachen,
• Trëppeltour an der Stad,
• Psychomotorik Parcours,
• Musek-Atelier,
• Yoga,
• Airtramp,
• Besuch am Altersheem,
• sangen,
• Bicher kucken,
• mir ginn op de Bauerenhaff,…
an nach villes méi.

KONTAKTEIERT ONS

D’Moolzechten

D’Moolzechten

Mir iessen zesummen an engem familiäre Kader. D’Erzéier-Ekipp hëlt hier Virbildfunktioun ganz eescht. D’Personal ësst zesumme mat de Kanner a begleet se wärend deene verschidde Moolzechten.
All Moien drénke mir zesumme Kaffi géint 09h00 (mat Brout, Kéis, Gebeess, Charcuterie an frëschem Uebst).
Um 12h00 iesse mer zu Mëtteg, onst Mëttesiessen besteet aus enger Entrée an engem Haaptplat.
Géint 16h00, ass et Zäit vun der Collatioun, wou frëscht Uebst ëmmer um Dësch ass, munchmol begleet vun engem Dessert (Kuch, Cookie,…)

KONTAKTEIERT ONS